SchisprangenYukiya Sato iwwerrascht zu Nizhny Tagil

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass et mam Weltcup am russesche Nizhny Tagil weidergaangen, wou et zu enger Iwwerraschung um Podium komm ass.

Am éischten Duerchgang ass de Peter Prevc aus Slowenien mat 128,6 Punkten op déi 1. Plaz gesprongen. Zweeten ass de Piotr Zyla aus Polen virum Philipp Aschenwald aus Däitschland ginn.

An der Finall ass et dann zu enger Iwwerraschung komm. De Yukiya Sato aus Japan huet sech mat 251,60 Punkten déi éischt Plaz virum Karl Geiger aus Däitschland an dem Philipp Aschenwald aus Éisträich geséchert.

Back to Top
CIM LOGO