
Zwee Spëtzematcher goufen et en Dënschdeg bei den Hären. Als éischt krut d’Nummer 3 op der Welt den däitschen Alexander Zverev et mam Spuenier Carlos Alcaraz ze dinn, deen als Nummer 6 an der Weltranglëscht steet. An den éischten zwee Sätz (béid 6:4) huet den Zverev dem Alcaraz all Kéiers en Opschlag konnten ofhuelen an de Match gewannen. Am drëtte Saz (6:4) huet sech de Spuenier revanchéiert an op 2:1 verkierzt. De véierte Saz huet du beim Stand vu 6:6 missten an den Tie Break goen an den Zverev konnt dëse knapp 9:7 fir sech decidéieren a sech esou fir d’Halleffinall qualifizéieren.
Am zweete Match vum Dag ass et drëm gaangen, op wien den Zverev an der Halleffinall trëfft. Hei stounge sech d’Nummer 1 an d’Nummer 5 op der Welt géintiwwer. Hei konnt sech de Rafael Nadal a 4 Sätz géint den Novak Djokovic behaapten. No iwwer 4 Stonnen huet de Spuenier der héichklasseger Partie mat sengem véierte Matchball en Enn gesat a sech mat 6:2, 4:6, 6:2, 7:6 (7:4) géint de Serb duerchgesat.
No 2020 bei de French Open stoung d’Martina Trevisan bei den Dammen eng zweete Kéier an der Véierelsfinall vun engem Grand Slam. Beim zweeten Ulaf huet déi 28 Joer al Italienerin et dann och an hir éischt Grand-Slam-Halleffinall gepackt. Si konnt sech en Dënschdeg nämlech mat 6:2, 6:7 a 6:3 géint déi 19 Joer jonk Kanadierin Leylah Fernandez duerchsetzen. An der Ronn vun de beschte 4 kritt d’Italienerin et elo mam Cori Gauff ze dinn. Déi 18 Joer jonk Spillerin huet an engem reng US-amerikaneschen Duell mat 7:5 a 6:2 géint d’Sloane Stephens gewonnen.