
Am Tennis huet den Alexander Zverev e Sonndeg säi fënnefte Masterstitel a senger Karriär gewonnen. An der Finall vum ATP-Turnoi vu Cincinnati huet den Däitsche géint den Andrey Rublev an zwee Sätz mat 6:2 a 6:3 gewonnen.
Den Zverev, deen den Ament an der Weltranglëscht op Plaz fënnef läit, ënnersträicht mat senger véierter Tournoi-Victoire 2021 seng gutt Form a gëllt als ee vun de grousse Favoritten op d’Victoire bei de US Open.