
Hei konnt den Däitschen Alexander Zverev sech géint d’Nummer 1 an der Tennis-Weltranglëscht, den Novak Djokovic, duerchsetzen. De Serb verléiert an 3 Sätz (6:1, 3:6 an 1:6) géint de 5. an der Weltranglëscht, deen dëse Match verdéngt gewonnen huet.
Den Djokovic hat dëst Joer d’Chance op de Golden Slam, dat heescht, déi 4 Grand Slamen an déi Olympesch Goldmedail an engem Joer ze gewannen. Doraus gëtt awer elo näischt, wouduerch d’Steffi Graf den eenzegen Tennisprofi bleift, deem dat gelongen ass. E Samschdeg de Moie geet et fir den Djokovic géint de Spuenier Pablo Carreno Busta awer nach ëm d’Bronzemedail.
Den Alexander Zverev ka sech dogéint iwwer säin Anzuch an d’Finall freeën, wou hien e Sonndeg um 5.00 Auer eiser Zäit géint de Russ Karen Katschanow ëm Olympescht Gold spillt.
