Schi AlpinZweet Victoire vum Weekend fir den Henrik Kristoffersen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems sech den Norweger schonn e Samschdeg duerchsetze konnt, gouf et och e Sonndeg de Moien eppes ze feieren.
© AFP

Am Slalom vun den Hären zu Garmisch-Partenkirchen konnt sech den Henrik Kristoffersen déi zweet Victoire bannent zwee Deeg sécheren, dat nodeems hie sech schonn den Dag virdru behaapt hat. Op déi zweet Plaz ass de Britt David Ryding komm an duerch e staarken zweeten Duerchgang huet et de Linus Straßer aus Däitschland nach vun der 16. Plaz bis op de Podium gepackt.

Bei den Dammen huet sech d’Priska Nufer an der Descente zu Crans Montana déi éischt Weltcup-Victoire an hirer Karriär geséchert. D’Schwäizerin konnt sech virun den eegene Spectateuren mat engem Virsprong vun 0.11 Sekonnen virun der Tschechin Ester Ledecka duerchsetzen. D’Sofia Goggia aus Italien huet de Podium mat der drëtter Plaz komplettéiert.

Back to Top
CIM LOGO