Tour de France 2027Grand Départ zu Edinburgh, zwee Zäitfueren an den Tourmalet

Tom Nols
Tom Flammang
Nei an der Geschicht vum Tour ass, dass d'Coursse vun den Dammen an den Hären 2027 allebéid a Groussbritannien wäerten ufänken.
De fënneffache Gewënner Tadej Pogacar wäert och 2027 de Favorit op d'Victoire sinn.
© AFP

Nodeems d'Grande Boucle zanter 1974 scho véiermol a Groussbritannien zu Gaascht war, geet et 2027 fir déi éischte Kéier an der schottescher Haaptstad Edinburgh fort an iwwer England a Wales weider a Frankräich.

Fir déi éischte Kéier wäerten d'Coursse vun den Hären an den Dammen am selwechte Land am selwechte Joer starten. D'Direktere vu béide Coursse Christian Prudhomme a Marion Rousse hunn en Donneschdeg d'Tracéen zu Paräis am Palais des Congrès virgestallt. Den 30. Juni wäert am berüümte Castle of Edinburgh d'Presentatioun vun den Ekippe sinn.

D'Häre fueren iwwer 3.479 Kilometer vun Edinburgh op Paräis

E Freideg, den 2. Juli, féiert déi éischt Etapp iwwer 184 Kilometer vun Edinburgh a Schottland op Carlisle an England. Den Dag drop ass et eng weider Geleeënheet fir d'Sprinteren, wann de Peloton vu Keswick iwwer 223 Kilometer op Liverpool fiert, éiert et op der drëtter Etapp iwwer 223 Kilometer a 7 Koppen vu Welshpool op Cardiff a Wales wäert goen.

Cherbourg en-Contentin markéiert en Dënschdeg, de 6. Juli, no engem éischte Roudag, den Optakt vun der Grand Boucle 2027 um franséische Festland. Duerch d`Normandie an d`Bretagne kann ee sech spannend Etappen erwaarden. Zu Plumelec fir d`Arrivée vun der 5. Etapp kommen Erënnerungen vun 2008 op. De Kim Kirchen hat op deene leschte Meteren attackéiert a war kuerz virun der Arrivée agefaange ginn.

Déi 7. Etapp ass en 38 Kilometer laange Contre-la-montre vu Blois op Chambord, wou d'Arrivée virum bekannte Schlass wäert sinn. Vu Bourges féiert mat 224 Kilometer déi längsten Etapp vun 2027 op Le Creusot. E Sonndeg, den 11. Juli, geet et am Jura fir d'éischt an d'Bierger, mat 4 Koppen an der Arrivée um Grand Colombier.

No engem Dag Paus fueren d'Coureure weider vun Annecy op Sallanches - eng Etapp, op där 6 Montéeë waarden an déi d'Generalprouf fir d'WM 2027 wäert sinn. Um quatorze juillet geet et an enger schwéierer Etapp iwwer 150 Kilometer vu Cluse op Les Saisies. Ënnert anerem iwwer Chambéry a Valence, mat neie Chancë fir d'Sprinteren, fuere se weider op Montpellier a Mende. Um Wee dohi geet et duerch de faméisen Dall vum Cirque de Navacelles. Den drëtten a leschte Roudag ass virum Zäitfueren zu Toulouse, dat fir den 20. Juli ugesat ass. Vu Muret op Pau ass et nach emol eng Etapp fir d'Sprinter, éier et an d'Pyrenäe wäert goen.

Den 22. Juli stinn de Col du Tourmalet an de Col du Portet um Programm, dee mat 2.215 Meter iwwer dem Mieresspigel héchste Punkt vum Tour 2027 wäert sinn. Eng éischte Kéier sinn déi zwee Collen zesummen an enger Etapp ze fueren. Den Dag drop sinn et ënnert anerem de Col du Soudet an de Col de Marie Blanque, déi op d'Coureure waarden. Am Baskeland mussen d`Klassement-Fuerer confirméieren. E Samschdeg, de 24. Juli, wäert et nach emol eng Méiglechkeet fir d'Sprintere ginn, éiert den Dag drop d'Arrivée zu Paräis op de Champs-Élysées den Ofschloss vun der Grande Boucle wäert markéieren.

De Parcours 2027:

2 juillet : 1re étape Édimbourg (Ecosse) – Carlisle (Angleterre), 185 km

3 juillet : 2e étape Keswick (Angleterre) – Liverpool (Angleterre), 223 km

4 juillet : 3e étape Welshpool (pays de Galles) – Cardiff (pays de Galles), 223 km

5 juillet : journée de repos/transfert vers la France

6 juillet : 4e étape Cherbourg-en-Cotentin – Cherbourg-en-Cotentin, 171 km

7 juillet : 5e étape Pontorson – Plumelec, 178 km

8 juillet : 6e étape Vannes – Angers, 193 km

9 juillet : 7e étape Blois – Chambord, contre-la-montre individuel de 38 km

10 juillet : 8e étape Bourges – Le Creusot, 224 km

11 juillet : 9e étape Villars-les-Dombes – Grand Colombier, 162 km

12 juillet : journée de repos en Haute-Savoie

13 juillet : 10e étape Annecy – Sallanches, 171 km

14 juillet : 11e étape Cluses – Les Saisies, 150 km

15 juillet : 12e étape Chambéry – Valence, 162 km

16 juillet : 13e étape Aubenas – Montpellier, 164 km

17 juillet : 14e étape Montpellier – Mende, 199 km

18 juillet : 15e étape Rodez- Albi, 169 km

19 juillet : journée de repos à Toulouse

20 juillet : 16e étape Toulouse – Toulouse, contre-la-montre individuel de 33 km

21 juillet : 17e étape Muret – Pau, 186 km

22 juillet : 18e étape Pau – Saint-Lary-Soulan col du Portet, 174 km

23 juillet : 19e étape Hasparren – Laruns, 160 km

24 juillet : 20e étape Maubourguet – Libourne, 198 km

25 juillet : 21e étape Saint-Quentin-en-Yvelines – Paris Champs-Elysées, 116 km

D'Damme fueren iwwer 1.156 Kilometer vu Leeds op Puy de Dôme

Den 30. Juli 2027 ass dann den Depart vun der sechster Editioun vun der Damme-Course zu Leeds an England. Den Tour de France vun den Damme geet tëscht dem 30. Juli an dem 7. August iwwer 1.156 Kilometer, déi op 9 Etappe verdeelt sinn.

Iwwer 86 Kilometer wäert et op Manchester goen a vun do aus den Dag drop iwwer 154 Kilometer op Sheffield. Eng Etapp, déi vum Profil hir u Léck-Baaschtnech-Léck erënnert. De Wee féiert och an déi brittesch Haaptstad London, wou et dat éischten Ekippenzäitfuere an der Geschicht vum Dammen-Tour wäert sinn.

Le Touquet markéiert dann den Optakt vum Tour a Frankräich. Um Programm stinn duerno ënnert anerem Calais, Maganville, Orléans, Bourges an Nevers. Déi zwou lescht Etappen hunn et a sech. Vu La Bourboule féiert den Tracé iwwer 6 Koppen op Clermont Ferrand, éier et um Samschdeg, de 7. August op der Kinneksetapp iwwer 170 Kilometer op déi lescht Arrivée geet, de faméise Puy de Dôme erop. Do fält d`Entscheedung, wien Nofollger vum Demy Vollering wäert ginn.

De Parcours 2027:

30 juillet : 1re étape Leeds (Angleterre) - Manchester (Angleterre), 86 km

31 juillet : 2e étape Manchester (Angleterre) – Sheffield (Angleterre), 154 km

1er août : 3e étape Londres – Londres, contre-la-montre par équipes de 18 km

2 août : 4e étape Le Touquet-Paris-Plage – Calais, 123 km

3 août : 5e étape Neufchâtel-en-Bray – Magnanville, 161 km

4 août : 6e étape Orléans – Bourges, 138 km

5 août : 7e étape Nevers – La Loge des Gardes, 155 km

6 août : 8e étape La Bourboule – Clermont-Ferrand, 151 km

7 août : 9e étape Clermont-Ferrand – Puy de Dôme, 170 km

Back to Top
CIM LOGO