Tour de France: 12. EtappTim Merlier setzt sech am Sprint duerch, General bleift onverännert

Jeff Birsens
Op der 12. Etapp war et op der Arrivée zu Chalon-sur-Saône zu engem Massesprint komm, an deem sech de Belsch Tim Merlier behaapte konnt. Den Alex Kirsch war en Donneschdeg kuerz an enger Echappée dran.
Soudal Quick-Step team's Belgian rider Tim Merlier cycles to the finish line to win the 12th stage ahead of Alpecin - Premier Tech team's Belgian rider Jasper Philipsen (L) and Decathlon CMA CGM Team's Dutch rider Olav Kooij (R) during the 113th edition of the Tour de France cycling race, 181 km between Circuit de Nevers Magny-Cours and Chalon-sur-Saône in central France, on July 16, 2026. (Photo by Loic VENANCE / AFP)
Soudal Quick-Step team's Belgian rider Tim Merlier cycles to the finish line to win the 12th stage ahead of Alpecin - Premier Tech team's Belgian rider Jasper Philipsen (L) and Decathlon CMA CGM Team's Dutch rider Olav Kooij (R) during the 113th edition of the Tour de France cycling race, 181 km between Circuit de Nevers Magny-Cours and Chalon-sur-Saône in central France, on July 16, 2026. (Photo by Loic VENANCE / AFP)
© AFP

En Donneschdeg huet den Tim Merlier déi 12. Etapp am Massesprint gewonnen. Nom Depart um Circuit Nevers Magny-Cours war et iwwer 179 relativ flaach Kilometer op Chalon-sur-Saône gaangen, wou d'Decisioun an engem Sprint gefall ass. Do hat de Belsch Tim Merlier déi Séierste Been a konnt sech d'Victoire um Enn virum Hollänner Olav Kooij an dem Belsch Jasper Philipsen duerchsetzen. Am Schlusssprint war et am Peloton nach zu enger gréisserer Chute komm.

Den Alex Kirsch war knapp 30 Kilometer virun der Arrivée kuerz an enger Echappée dobäi, déi dann awer nees net laang duerno agefaange gouf. De Lëtzebuerger huet d'Etapp 1:30 Minutt hannert dem Peloton op der 75. Plaz ofgeschloss.

Tour de France: 12. Etapp - leschte Kilometer am Replay
Am Sprint konnt sech den Tim Merlier d'Dagesvictoire sécheren

Resumé vun der 12. Etapp

Op der wuel leschter Etapp, an där et nach gutt Chancë fir d'Sprinter gouf, éier et an d'Bierger geet, waren d'Punkten op de Sprintwäertungen nach eemol richteg gefrot. Op deenen éischte Kilometer ass et doduerch zu ville Versich komm, aus dem Peloton eraus ze attackéieren. Richteg gelongen ass dat dem Baptiste Veistroffer vu Lotto Intermarché, dee sech d'Punkte fir d'Sprintwäertung zu Decize séchere konnt.

Bei méi wéi 30 Grad hu sech kuerz drop da mam Mattéo Vercher, Ewen Costiou an Damiano Caruso dräi Coureuren der Tête de la course Veistroffer ugeschloss, déi sech en Ecart vu bis zu zwou Minutten erausgefuer kruten. Och déi zweet Sprintwäertung vum Dag op der Côte de Cuzy konnt de Baptiste Veistroffer fir sech behaapten, wärend de Peloton vun hanne lues awer sécher méi no komm ass.

Fir d'éischt waren et de Mattéo Vercher an den Damiano Caruso, déi hu misse lassloossen an am Verlaf gouf dann och den Ewen Costiou nees agefaangen. Eenzeg de Baptiste Veistroffer huet net opginn a sech weider mat engem groussen Effort eleng virgehalen. D'Reserve sinn awer mat all Kilometer méi kleng ginn a spéitstens wéi et dann eng gréisser Attack aus dem Peloton eraus gutt 30 Kilometer virun der Arrivée gouf, war déi laang Rees vum Veistroffer eriwwer.

Mat virbäi war zu deem Zäitpunkt och den Alex Kirsch, ma de Peloton huet d'Vitess ze vill ugezunn a krut de Spëtzegrupp mam Lëtzebuerger nach virun der leschter Montée gutt 20 Kilometer viru Schluss nees agefaangen. Zesummen ass et da biergof op d'Arrivée zu Chalon-sur-Saône gaangen, wou sech um den Tim Merlier d'Dagesvictoire huele konnt.

Commentairen
Dem Datum no sortéieren
Fir Commentairen ze schreiwen, musst Dir ageloggt sinn
Back to Top
CIM LOGO