En vue vun der Grande Boucle 2028 hat sech eng Lëtzebuerger Delegatioun op déi 14. Etapp vum Tour de France gemaach. Begleet goufen de Premier an d’Sportministesch vum fréiere Profi Kim Kirchen. Virum Depart goung et fir déi Lëtzebuerger Delegatioun dann an de sougenannte „Village du Tour“. Hei hate si d’Méiglechkeet, ënner anerem mam fréieren Equipier vum Kim Kirchen, dem Sir Mark Cavendish ze schwätzen.
Kuerz drop, hat de Präsident vum Tour de France dann nach een eenzelt Gespréich mam Premier a mat der Sportministesch. Hei goung et RTL-Informatiounen no ëm méiglech Parkoure vun der Grande Boucle 2028, déi duerch d'Groussregioun an deelweis duerch Lëtzebuerg féiere wäert.
Fir den Ofschloss ass d'Delegatioun nach bei den Alex Kirsch, dem eenzege Lëtzebuerger Coureur an dëser Grande Boucle gaangen an nom Depart ass et dann nach a Richtung Arrivée uewen um „Le Markstein Fellering“ gaangen.