Den Arthur Kluckers an de Mats Wenzel hu sech an der éischter Woch vun der Vuelta net verstoppt a konnte mat gudde Resultater a Prestatiounen op sech opmierksam maachen. De Kluckers notamment mat senger 10. Plaz am Contre-la-Montre op der 1. Etapp. De Wenzel dogéint huet puermol de Sprong an d'Echappée gepackt. Ënner anerem op der 3. Etapp, déi schlussendlech wéinst schwéiere Wiederen annuléiert gouf.
D'Zil vun deenen zwee Lëtzebuerger ass et am weidere Verlaf vum Tuer duerch Spuenien op en Neits ze probéieren. Duerch den Abandon vum Tadej Pogacar huet sech d'Physionomie vun der Course verännert. Dat bitt och eng Chance fir sech iwwer Echappéeën an Zeen ze setzen.
Am RTL-Interview hunn déi béid Coureuren de Bilan ënnert hir éischt Woch an der Vuelta an hir éischt Participatioun un engem groussen Tuer geschwat. Den Arthur Kluckers huet sech d'Zäitfueren op der 18. Etapp fest ugekräizt. De Mats Wenzel wëll ëmmer rëm an den Echappéeën mat involvéiert sinn.
En Dënschdeg geet et op der 10. Etapp vun der Vuelta iwwer hiwweleg 184,7 Kilometer vun Alcaraz op Elche de la Sierra.