
Nodeems e Samschdeg d'Coursse vum Championnat am Cyclissem op der Strooss wéinst der grousser Hëtzt ofgesot gi waren, sinn e Sonndeg de Moien déi nächst Championstitel verdeelt ginn. Bei de Junioren ass d'Course en ligne iwwer 90 Kilometer gaangen. D'Decisioun ass um Enn am Sprint gefall. Iwwer de Championstitel dierf sech de Loris Morbé (Team Toproad Réiserbann) freeën. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Maximilian Outlet (CT Atertdaul) an de Yannis Molter (CC Chevigny) gefuer.
E Resumé vun der Course gesitt Dir den Owend um 19:00 Auer am Sport-Journal op der Tëlee an duerno am Replay op RTL.lu.