
Um Donneschdeg war fir den Optakt vun den nationale Meeschterschaften am Cyclissem, déi zu Mamer gefuer ginn, an de jeeweilege Kategorien d'Zäitfueren.
Bei den Damme gouf et bei den Elite mat Kontrakt eng Victoire fir d'Nina Berton. Si konnt sech mat enger däitlecher Avance vun enger Minutt a fënnef Sekonne virum Marie Schreiber duerchsetzen. D'Liv Wenzel koum op déi drëtte Plaz, dat mengem Retard vun enger Minutt an 19 Sekonnen. Si séchert sech domadder den Titel bei den Espoirs. Fir d'Nina Berton ass et den éischte Championstitel bei der Elite. Bei den Elite ouni Kontrakt ass den Titel fir d'Maïté Barthels.
Bei den Débutante war et eng Victoire fir d'Sarah Koenig vum CT Atertdaul. Si hat op der Arrivée eng Avance vun 9,627 Sekonnen op hir Teamkolleegin Enola Walch, déi drëtt Plaz op knapp 45 Sekonne war fir d'Chiara Christen vun der UC Dippech. Bei de Jonge konnt sech de Lorenzo Astolfi vun der UC Dippech behaapten. Hien hat 26 Sekonne Virsprong op de Paul Moog vun der SAF Zéisseng an 51 Sekonnen op de Bjarne Bauer vun der UC Dippech.
Den Titel bei de Juniorinne war fir d'June Nothum vun der UC Dippech. Mat 19 Sekonne Réckstand koum d'Elena Lopes vum CT Atertdaul op déi zweete Plaz, hir Teamkolleegin Amy Breuer ass als Drëtt no enger Minutt an 33 Sekonnen iwwert de Stréch gefuer. Nationale Champion bei de Junioren ass de Maximilien Outlet vum CT Atertdaul ginn. Hien hat am Zil e Virsprong vun 12 Sekonnen op de Yanis Molter vum CC Chevigny, 17 Sekonne Réckstand hat den Dawson Fehlen Pereira vum CT Kayldall op der drëtter Plaz.
An der Kategorie Masters war den Titel bei den Damme fir d'Claudine Bintz vun de Vëlosfrënn Gusty Bruch, déi sech mat enger Avance vun zwou Minutten an 29 Sekonnen op d'Pia Wiltgen vum SAF Zéisseng konnt duerchsetzen. Bei den Häre goung déi éischt Plaz un de Pol Weisgerber vum LG Alzeng Cycling Team, deen de Patrick Rauen vum HIR Schëtter ëm 51 Sekonnen distanzéiere konnt. Manner wéi eng Sekonn hannendru koum de Kevin Kohlvelter vum RV Schwalbe Trier op déi drëtt Plaz.
Am Paracycling goung den Titel bei den Hären un de Carlos Neves Alves vum CCI Déifferdeng, deen am Zil eng Avance vu 6 Minutten an 9 Sekonnen hat op de Paul Kremer vun der Velo Woolz asbl, Drëtten op knapp 11 Minutte gouf säin Teamkomerod Amsal Redzepovic.
Um 17:45 Auer wäerten d'Espoiren an d'Elitt bei den Dammen op de Parcours goen an um 18:15 Auer ass den éischten Depart bei den Häre geplangt.
Wéinst den héijen Temperature goufen all d'Stroossecoursse vum Samschdeg (Cadets, Minimes Paracyling, Débutants a Masters) ofgesot. E Sonndeg kéinten et jee no Wiederkonditiounen och Ännerunge ginn, mä do bleift de Programm mol bestoen, sou den Ed Buchette vun der FSCL.