Championnat am CyclissemMarie Schreiber verdeedegt hiren Titel an der Stroossecourse

RTL Lëtzebuerg
No 81 Kilometer huet sech d'Marie Schreiber am Sprint de Championstitel an der Course en ligne vun den Damme geséchert.
De Podium vun den Dammen Elite mat Kontrakt
De Podium vun den Dammen Elite mat Kontrakt
© Max Bäcker

D'Marie Schreiber huet e Sonndeg de Moien hiren nationale Championstitel an der Course en ligne verdeedegt. No 81 Kilometer war et zu Mamer zum Sprint tëscht dem Marie Schreiber an dem Nina Berton komm. D'Schreiber hat um Enn knapp d'Nues vir an dierf sech iwwer e weidere rout-wäiss-bloen Tricot bei der Elite mat Kontrakt freeën. D'Berton hat sech en Donneschdeg bei den Dammen den Titel am Zäitfuere geséchert. D'Liv Wenzel huet als Drëtt de Podium komplettéiert.

Bei der Elite ouni Kontrakt huet sech d'Lena Lallemang den Titel geséchert, dat virum Leyla Barthels an dem Maïté Barthels.

Bei de Juniorinnen huet d'Elena Lopes gewonnen. Op de Podium sinn nach d'June Nothum an d'Kylie Bintz gefuer.

Bei de Masters stoung d'Mirelle Speltz ganz uewen um Podium. D'Claudine Bintz ass Zweet ginn.


Back to Top
CIM LOGO