
E Samschdeg den Owend war d'Patrizia van der Weken zu Bréissel an der Finall iwwer 100 Meter um Depart, bei där just déi bescht Athleetinnen vun de leschte Manchen dobäi sinn.
D'Patrizia van der Weken huet et mat engem Chrono vun 11 Sekonnen an 8 Honnertstel op déi 4. Plaz gepackt an domat de Podium just knapp verpasst. Si ass 3 Honnertstel iwwert hirer Saisonsbeschtzäit an 8 Honnertstel iwwert hirem nationale Rekord bliwwen.
D'Victoire war fir d'Jamaikanerin Tina Clayton (10.93), dat virun der Brittin Amy Hunt (11.06) an der US-Amerikanerin Sha'Carri Richardson (11.07).
Fir d'Patrizia van der Weken war et zu Bréissel schonn déi 3. Diamond-League-Finall hannerteneen, fir déi si sech qualifizéiert hat. Virun der Finall war d'Lëtzebuergerin op Plaz 4 am generelle Schlussklassement vum 100m-Ranking bei den Dammen. Déi endgülteg Plaz an deem Klassement ass nach net offiziell.
Um 21:20 Auer geet de Ruben Querinjean an der Finall iwwer 3.000 Meter Steeple un den Depart. Hien ass den Ament den 11. am 3.000m-Steeple-Ranking.