D'Angelique Kerber huet déi 5. Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters gewonnen. An der Finall an der Coque huet sech déi fréier däitsch Tennisspillerin e Sonndeg mat 6:4 a 6:2 géint d'Belsch Yanina Wickmayer duerchgesat.
Am éischte Saz hu sech béid fréier Tennis-Profien ufanks en Duell op Aenhéicht geliwwert. Wéi d'Wickmayer mat 3:2 a Féierung louch, huet d'Angelique Kerber dann awer sou richteg lassgeluecht an no 12 Punkten hannerteneen louch déi Däitsch op eemol 5:3 vir. Zwar konnt d'Wickmayer duerno nach ee weidere Break esou just verhënneren, ma am decisive Jeu huet d'Kerber de Sak fir den éischte Saz souverän zum 6:4 zougemaach.
Am zweete Saz huet dann d'Kraaft vun der Yanina Wickmayer siichtlech e Stéck nogelooss. D'Angelique Kerber huet d'Jeue gekonnt erofgespillt a konnt no engem 6:2-Sazgewënn um Enn den zweeten Titel hannertenee perfekt maachen.
