ING NuetsmarathonDéi 20. Editioun ass den 8. Mee 2027

RTL Lëtzebuerg
Een Dag no der 19. Editioun vum ING Nuetsmarathon huet den Organisateur den Datum fir déi nächsten Editioun matgedeelt.
© Roland Miny

Den 8. Mee 2027 wäerten nees Dausende Leefer a Leeferinnen duerch d'Stad Lëtzebuerg lafen. D'Ekipp ronderëm den Organisateur Erich François huet um Sonndeg bekannt ginn, datt op deem Dag déi 20. Editioun vum ING Nuetsmarathon organiséiert gëtt.

D'Umeldunge si well op.

Dëst Joer hate sech 18.000 Leefer a Leeferinne fir déi verschidde Courssen ugemellt, dat war een neie Rekord.

Schreiwes ING Night Marathon Luxembourg

Weider Artikelen iwwer den ING Nuetsmarathon 2025

Back to Top
CIM LOGO