De Christophe Hochard an de Sam Bouchon waren de ganzen Owend ënnerwee fir d'Stëmmung an der Stad anzefänken. Genee wéi déi lescht Jore waren och dëst Joer nees dausende Supporter an d'Stad komm, fir d'Sportler unzefeieren.
Den Organisateur Erich François huet scho ganz fréi e positiven Tëschebilan gezunn: "Die Stimmung ist gut, super in der Stadt, Limpertsberg kocht wie immer."
Déi éischt Leeferinnen a Leefer, déi an der Luxexpo ukomm sinn, waren zefridden, och dëst Joer wier d'Stëmmung nees immens gewiescht. Déi 20. Editioun ass iwwregens den 8. Mee 2027.
Ronderem d'Place de l'Europe kruten d'Leit vill gebueden, esou war ënnert anerem e Slackliner iwwer de Leefer balancéiert. Den Archie Williams ass an eppes méi wéi 2 Stonnen 4,2 Kilometer op enger Slackline gaangen. Fir d'Sportler, déi 21 oder 42 Kilometer gelaf sinn, gouf et knapp 5 Kilometer virun der Arrivée "e leschte Fouss bei d'Këscht". Den Yves vu FatBetty.Run war beim Christophe Hochard am Interview.
Mat Musek, Gejäiz a vill Energie goufen d’Leefer um Wee Richtung Luxexpo ugefeiert. Vill Supportere stounge laanscht de Parcours an hunn d’Participanten ugefeiert, grad op der leschter Ligne-droite de Faux-plat um Kierchbierg erop.
An der Hal 8 vun der Luxexpo leeft beim Nuetsmarathon eng wichteg Aarbecht am Hannergrond: Dausende Rucksäck vun de Leefer musse sortéiert a spéider erëm un déi richteg Persounen ausgedeelt ginn. Dobäi hëllefen och vill jonk Benevollen, ënner anerem Schüler vum Lycée zu Ettelbréck. Trotz der ustrengender Aarbecht wier et "ëmmer erëm eng Freed, de Leit ze hëllefen“, esou eng vun de Benevollen.
Beim Nuetsmarathon war och de CGDIS am Asaz. Am Ganze waren 160 Leit iwwer d’Stad verdeelt, ze Fouss, mat Motorrieder an Ambulanzen. Zu den heefegste Problemer bei de Leefer zielen ëmgeknéckte Féiss, Iwwerhëtzung oder d'Schwaachfale wéinst der kierperlecher Ustrengung. An der Luxexpo war dofir e Poste médical avancé ageriicht ginn, wou Dokteren an Infirmièren d’Participantë versuergt hunn.