ING Nuetsmarathon 2026Bart Jansson an Tatiana Proca wanne Marathon, Claude Schmit a Shefi Xhaferaj bescht Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war déi 19. Editioun vum ING Nuetsmarathon an der Stad.
D'Gewënnerin vum Marathon
© Pereira Vitor 

De Bart Jansson huet déi 19. Editioun vum ING Nuetsmarathon gewonnen. Den Hollänner, dee virun engem knappe Mount nach de Marathon zu Wien gelaf war, huet fir déi 42,195 Kilometer duerch d'Stad zwou Stonnen, 28 Minutten an 21 Sekonne gebraucht. D'Plazen 2 an 3 ware fir den Alexandre Mayer (2:30:19) an den Ahmed Nasef (2:32:29). Beschte Lëtzebuerger war de Claude Schmit (2:51:13).

Claude Schmit
© Roland Miny / pressphoto

Bei den Damme war d'Victoire fir d'Tatiana Proca an zwou Stonnen, 59 Minutten a 54 Sekonnen. Als Zweet ass d'Carolin Minas (3:03:28) aus Däitschland ukomm. Bescht Lëtzebuergerin war d'Shefi Xhaferaj (3:05:04) als Drëtt.

Shefi Xhaferaj
© Roland Miny / pressphoto

Jenny Gloden wënnt Semi-Marathon

D'Jenny Gloden huet de Semi-Marathon beim ING Nuetsmarathon gewonnen. D'Lëtzebuergerin huet fir déi 21,0975 Kilometer eng Stonn, 17 Minutten a 5 Sekonne gebraucht. Och d'Plazen 2 an 3 ware mam Anne Reiser (1:22:47) a Anna Reiff (1:22:47) fir Lëtzebuergerinnen.

Podium Damme Semi-Marathon
© Pereira Vitor 

Bei den Häre gouf et op der hallwer Streck vum Marathon eng Victoire fir de Simon Bong aus Däitschland. Fir hien ass de Chrono no enger Stonn, siwe Minutten an 19 Sekonne stoe bliwwen. Beschte Lëtzebuerger war de Yonas Kindé op Plaz 2 (1:10:28). De Podium kompletéiert huet de Fabian Kuklinski aus Däitschland (1:11:02).

De Podium vum Semi-Marathon bei den Hären
© Pereira Vitor 

Um 19 Auer hunn 18.000 Leefer a Leeferinnen déi verschidde Strecke vum ING Nuetsmarathon an Ugrëff geholl. Trotz dem naasse Wieder war d'Stëmmung bei de Leefer excellent.

Fotoe vum ING Nuetsmarathon 2026

Back to Top
CIM LOGO