
D'Katrin Kohl ass de Weekend am franséische Florange hir lescht Course gefuer. Domat geet eng laang an erfollegräich Rennrollstull-Karriär vun der 30 Joer aler Lëtzebuergerin op en Enn.
Zanter 2017 huet si Lëtzebuerg am Rennrollstull representéiert. Grouss Héichpunkte ware fir d'Katrin Kohl virun allem d'Participatioun un de Paralympesche Spiller zu Paräis 2024 an och e Podium beim World Para Athletics Grand Prix iwwer 800 Meter am Februar 2026, mat enger perséinlecher Beschtzäit vun 2:15.78 Minutten.
Och op den 200 Meter (35.36 Sekonnen) a 400 Meter (65.34 Sekonnen) konnt d'Katrin Kohl dëst Joer nei perséinlech Beschtzäiten opstellen. Trotz deene rezent gudde Leeschtungen huet d'Lëtzebuergerin elo de Schlussstréch gesat. "Du muss ophale wann et am beschten ass", gëtt d'Kohl vum Lëtzebuerger Paralympesche Kommitee ofschléissend zitéiert.
Wéi de Kommitee awer och nach schreift, géif si elo awer net komplett ophale mam Para-Sport, ma an Zukunft och nach weider para-athleetesch Disziplinnen ausprobéieren.