Mat neier perséinlecher BeschtleeschtungD'Katrin Kohl fiert zu Dubai op de Podium

RTL Lëtzebuerg
Fir d'éischte Kéier an hirer Karriär ass d'Katrin Kohl bei engem "World Para Athletics Grand Prix" op de Podium gefuer.
© LPC

Am Kader vum 17. “Fazza Para Athletics Championships World Para Athletics Grand Prix”, déi vum 10. bis den 13. Februar zu Dubai waren, ass d’Katrin Kohl an hirer Klass T54 iwwer 100 Meter, 400 Meter an 800 Meter um Depart gewiescht. Iwwer 800 Meter am Rennrollstull huet d’Para-Sportlerin eng perséinlech Beschtleeschtung realiséiert. Hir nei Beschtzäit läit elo bei 2 Minutten15 Sekonnen an 78 Honnertstel. Domat kënnt d’Para-Athletin op déi drëtte Plaz a fir d’éischte Kéier an hirer sportlecher Karriär op de Podium bei engem “World Para Athletics Grand Prix”.

D’Katrin Kohl weist sech ganz zefridden iwwer hir Leeschtung. Zu dëser positiver Entwécklung a Leeschtungssteigerung huet sécherlech och hiren neien Trainer, de Claude Issorat bäigedroen.

Back to Top
CIM LOGO