D'Emma Barthel war virun e puer Wochen nach bei den Junioren-Europameeschterschafte am Asaz. Dat grousst Lëtzebuerger Nowuesstalent huet zu München en neien nationale Rekord iwwer 200 Meter 4-Nage opgestallt. Mat eréischt 16 Joer elo och bei den Erwuessenen op enger Europameeschterschaft dobäi ze sinn, ass eng flott Recompense fir hir staark Leeschtungen.
D’Emma Barthel: "Ech maache mir do guer kee Strass, dass ech vläicht ee vun de Jéngste wäert sinn, well wann ech mer Stress maachen, da wäert dat guer näischt ginn. Ech wäert einfach déi Cours sou huelen, wéi se kënnt. An ech wäert mer do guer keen Drock maachen an da wäert dat scho richteg gutt ginn.”
Nieft dem Emma Barthel geet och d’Lou Jominet bei den Dammen un den Depart. Am Ganze vertrieden aacht Schwëmmer Lëtzebuerg bei den Europameeschterschaften zu Paräis. Virun allem den Zäitpunkt vun der EM kéint der Lëtzebuerger Delegatioun entgéintkommen.
Den Nationaltrainer Christophe Audot: "Am Joer vun den Europameeschterschafte fänke mir schonn am August un a schléissen och am August of. Dat huet déi speziell Eegenschaft, dass mir bal duerch d'ganzt Joer ginn, bal 365 Deeg. Dowéinst kënne verschidde Schwëmmer sech och verléieren. Dat ass eng Chance fir eis, an déi Geleeënheete musse mir notzen. Dat ass och de Message, deen ech der Ekipp ganz kloer matginn."
Bei den Häre soll een ënnert anerem de Rémi Fabiani an de Ralph Daleiden am A behalen. Béid Schwëmmer hunn op den nationale Championnater gewisen, dass d'Form stëmmt.
De Ralph Daleiden-Ciuferri: "Déi lescht zwou Wochen hunn ech wierklech Progrès gemaach, virun allem wat meng Coursen ugeet. Ech hunn op alle Fall vill Confiance fir Paräis."
De Rémi Fabiani: "Mäin Zil ass et, esou no wéi méiglech un d'Qualifikatiounszäite fir LA 2028 erunzekommen. Och wann ech mech nach net qualifizéieren, wier et gutt ze wëssen, dass ech schonn un den Zäiten dru sinn.“
Positiv ass och, dass de Christophe Audot en Relay iwwer 4 mol 100 Meter ugemellt huet.
Ob d'Lëtzebuerger Schwëmmer hir gutt Form och op internationalem Plang confirméiere kënne, wäert sech an den nächsten Deeg zu Paräis weisen.