Championnat am SchwammenRémi Fabiani a Finn Kemp bestätegen hier gutt Form

Bern Thill
De Weekend stoungen déi national Meeschterschaften am Schwammen um Programm. En vue vun den Europameeschterschaften zu Paräis an 2 Woche war de Championnat eng gutt Generalprouf.
6 Hären an 2 Damme wäerte Lëtzebuerg op der EM zu Paräis vertrieden
Als Virbereedung op d'Europameeschterschaft stoungen déi national Meeschterschaften statt.

6 Hären an 2 Dammen wäerte Lëtzebuerg an 3 Wochen zu Paräis op de Europameeschterschafte vertrieden. Sie waren all op de Nationale
Meeschterschaften am Asaz, mat Ausnam vum Emma Barthel dat zu München op de Juniors Europameeschterschafte schwëmmt.
Déi national Meeschterschafte waren op fir auslännesch Veräiner, esou gouf et Konkurrenz fir eis Schwëmmer.

De Finn Kemp konnt am 100 m Brasse als éischten uschloe mat engem exzellente Chrono vun 1:01:73. De Joao Carneiro gouf 4 an hofft zu Paräis Vertraue kënnen ze tanken.

De Rémi Fabiani koum virun e puer Deeg zréck aus de Vereente Staaten, an ass net ënner ideale Konditiounen ugetrueden. D' Ëmstellung vum Yards Basseng op d’Olympesch Distanz an der Coque ass net evident, kënnt nach d'Zäitverschibung derbäi. An trotzdeem konnt de 25  järegen seng exzellent Performancen am klenge Basseng och am  groussen an der Coque bestätegen. Mat engem Chrono vun 48 Sekonne 85, am 100 Meter Crawl, blouf de Rémi Fabiani nëmme 25 Honnertstel vum Ralph Daleiden sengem nationale  Rekord ewech.

Am 50 m Papillon gouf de Rémy Fabiani och éischten, net wäit vum Julien Henx sengem Nationale Rekord fort, deen 2.  an dëser Course gouf. De Florian Frippiat gouf Drëtten.

Back to Top
CIM LOGO