
D'Emma Barthel ass bei der EM vun de Junioren zu München déi eenzeg Representante vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun FLNS. Dat huet déi 16 Joer jonk Schwëmmerin awer net dovun ofgehalen, e Samschdeg en neien nationale Rekord iwwer 200 Meter 4 Nages opzestellen. Déi nei Beschtzäit läit elo bei 2 Minutten, 19 Honnertstel an 21 Dausendstel (2'19''21). Si huet domat hiren eegene Rekord ëm 55 Dausendstel verbessert a koum mat dëser Zäit um Enn op déi 20. Plaz.
D'Barthel war och schonn en Dënschdeg an en Donneschdeg an zwou aneren Disziplinnen un den Depart gaangen. Op hirer Liblingsdisziplin iwwer 400 Meter 4 Nages huet d'Lëtzebuergerin eng Zäit vu 4'55''23 realiséiert, wat insgesamt fir eng 16. Plaz duergoung. Och iwwer 200 Meter Brasse war si no un enger neier Beschtzäit, mee blouf eng Sekonn doriwwer. D'Barthel huet mat 2'34''96 ugeschloen, wat an dëser Epreuve Plaz 23 bedeit huet. Et hat hir eng Sekonn fir an d'Halleffinall gefeelt.