Mat dësem Resultat huet de Karateklub Niederanven, nom Kimberly Nelting, nees en Aushängeschëld am Veräin. Virun allem, well de Karateka deen éischte Lëtzebuerger ass, dee bei enger U21-Europameeschter an der Kategorie iwwer 84 Kilo eng Gold-Medail gewonnen huet. Dëst ass déi héchster Kategorie am Karate.
Den Alexander Davies: “Et ass wierklech erliichterend. Et ass wéi wann e schwéiere Rucksak vu menge Schëlleren erofgeholl gouf. Et ass einfach mega. Et gëtt kee “wat ass wann”, wat ass wann hei, wat ass wann do. Et ass einfach scho gepackt.”
26 Punkten huet den 1,90 Meter groussen Athlet bei der Europameeschterschaft op Zypern gemaach an der just 8 kasséiert. Dat ass eng beandrockend Quote. Nodeems Nummer 2 an Nummer 3 eliminéiert goufen, war Confiance zwar geklommen, ma déi war awer och scho virun der EM do.
“Eng Woch virun deem, dass mer gaange sinn, sot ech mengem Trainer, dem Léo Salvatore, entweeder fléien ech deen éischten Tour eraus oder ech maachen eng Medail. Dofir, ech si mat zimmlech vill Confiance schonn dohigaangen.”
No der Sëlwer-Medail bei der Jugend-EM 2022 an der Bronzemedail bei der Junioren am Joer 2023 ass Sammlung elo mat der Gold-Medail komplett.
Eppes spiert een awer direkt wann een um Training zu Niederanven mat dobäi ass: eng familiär Atmosphäre. D’Gefill, dass den Athlet sech wéi doheem soll fillen, ass fir de Karate Club immens wichteg.
De Léo Salvatore, Vize-President vum Veräin: “Op alle Fall, dat ass souguer eisen éischte Prinzip hei am Club. Ech erklären ëmmer de Prinzip vum Club, dass mir alleguerte wäisse Kimono unhunn. Et gëtt keng Ënnerscheed tëschent Nationalitéit oder Faarf a mir sollen eng grouss Famill sinn, obschonn dat en individuelle Sport ass, mee trotzdeem brauche mir een an deenen aneren, dofir sollte mer eng grouss Famill sinn.”
Den Alexander Davies trainéiert zanterdeem hie 6 Joer al ass am Veräin an den David Marques ass aktuell säin Trainer. Och dës Chimie stëmmt, wat och Gold wäert ass.
Den David Marques, aktuellen Trainer vum Alexander Davies: “Ech war selwer Athleet, ech mengen den Alex an ech, mir hunn oft zesummen trainéiert, wou ech nach Athleet war, hie war och mäin Trainingspartner, well zu Lëtzebuerg hu mer de grousse Problem, dass mer op deem Niveau net vill Partnere mat deem Gabarit hunn. Elo säit kuerzem sinn ech och säin Trainer, gläichzäiteg Trainingspartner.”
No dësem Succès ass den Alexander Davies déi nei Nummer 1 a senger Kategorie, wat den 19 Joer jonken Athlet besonnesch houfreg mëscht.
“Gläich kënnt alles an d’Vitrinn hei am Veräin. Et Kiischt um Kuch. Ech hunn den Europameeschter Titel gewonnen et ass einfach e Bonus, dass ech lo Nummer eent op der Welt sinn.”
Elo wëll den Alexander Davies sech op d’Exame konzentréieren, ier de Schüler aus dem Sportlycée nees Juegd op Medaile mécht.