E Portrait vum Chantal Maquet, d'Expo "Land Rush", de jonken DJ Rick Berg an den Dänzer Simi Simoes.

D'Chantal Maquet schafft zu Lëtzebuerg an zu Hamburg. Si setzt sech an hirer Konscht, gäre mat gesellschaftleche Klischeeën auserneen. Mir hu mat hir en Tour duerch hir rezentsten Expo gemaach a kruten en Abléck an hiren Alldag an der norddäitscher Hafestad.

Déi däitsch Fotojournalisten an Documentaire Produzenten Uwe H. Martin a Frauke Huber, ginn an hirem Laangzäit-Projet „LandRush“ den ekologeschen a soziale Konsequenze vun der industrieller Landwirtschaft op de Grond.

De Lëtzebuerger DJ a Produzent Rick Berg huet viru kuerzem säi neiste Lidd „Samurai Sword“ erausbruecht.

An de Simi Simoes danzt 90 Sekonne laang.

D'Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.