Och zu Lëtzebuerg spiert een d'Auswierkunge vun de Multi-Krisen, trotz Aiden. Den Zesummenhalt an der Gesellschaft ass onsem neiste Sondage no kleng.

Am Kloertext goung et en Donneschdeg den Owend ëm de Politmonitor, deen RTL an d'Wort déi lescht Deeg iwwer publizéiert hunn.

Ënnert den Invitéeë war déi Politikerin, déi och dës Kéier déi meeschte Kompetenz a Sympathiepunkte krut. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, déi seet, se wier erliichtert iwwert dëst Resultat. Nach huet si net confirméiert, datt si och am Oktober dat anert Joer als LSAP-Spëtzekandidatin mat an d'Chamberwale geet. Dat géif sech eréischt Ugangs d'nächst Joer decidéieren.

Datt 6 aner LSAP-Politiker Sympathie- a Kompetenzpunkte verléieren, explizéiert sech d'Paulette Lenert duerch d'Kris, déi och géif polariséieren an, an där een et net jidderengem kéint recht maachen.

Si geet awer dovunner aus, datt dëst Resultat just eng Momentopnam ass.

Den Tourismusminister an DP-President Lex Delles huet an der Moyenne 9 Punkte verluer. Natierlech géif dat wéi dinn, gëtt hien zou, mä et wier e Resultat, dat hie géif als Usporn huelen, fir iwwert déi nächst Méint weider ze schaffen.

Ënnert den Invitéen war och dee Politiker, deen den Allerleschten am Polititmonitor ginn ass. Dat ass den ADR-President an Deputéierte Fred Keup. Fir hien ass dat Resultat d'Schicksal vun engem Politiker aus enger Oppositiounspartei, déi hir Aarbecht richteg géif maachen. Wann een d'Regierung géif kritiséieren an a Fro stellen, géif een dacks bei esou Sondagen net sou sympathesch eriwwer kommen.

Kritik un der Regierungspolitik gouf et och am Kloertext selwer. Zum Beispill vun der Co-Generalsekretärin vun der CSV, der Stéphanie Weydert. Si bedauert, datt d'Regierung keng Steierreform gemaach huet, esou wéi dat am Koalitiounsaccord stoung.

Déi 3 Parteien hätten dat decidéiert, well de Sputt net do ass, huet de Lex Delles geäntwert. D'CSV gesäit dat anescht, hätt zum Beispill bei der gratis Kannerbetreiung oder dem gratis Iessen an de Schoule manner Suen ausginn.

Eng Rechnung, déi fir de Lex Delles net opgeet. Déi steierlech Upassungen, déi ënnert anerem d'CSV fuerdert, géifen 600 Milliounen Euro d'Joer kaschten, déi gratis Leeschtunge géifen 100 Euro ausmaachen.

Eng Steierreform ass och an den Aen vun de Piraten dréngend néideg. De Marc Goergen ass dovunner iwwerzeegt, datt den Zesummenhalt elo bréckelt, well et ëm de Portmonni géif goen. Dat wier esou, wann een am Supermarché an der Keess eppes misst zeréckleeën.

Am Politmonitor haten 51 Prozent vun de Leit gesot, si wieren dofir, datt den Index géif gedeckelt ginn. Eng Fro iwwert déi sech och d'LSAP Gedanke mécht. Et géif een nach un enger Positioun schaffen, seet d'Paulette Lenert, mä et ass an hiren Ae keen Tabuthema.

Och d'Piraten soen, si wieren oppe fir eng Diskussioun iwwert e gedeckelten Index, vun all deenen anere Parteien heescht et dogéint, "Fangeren ewech vum Index".

De Politmonitor huet gewisen, datt d'Leit sech och méi Gedanken iwwert d'Sécherheet zu Lëtzebuerg maachen. D'CSV hat schonn op enger Pressekonferenz ënnerstrach, datt et fir si elo duergeet mat der grénger Kuschelpolitik. De Fred Keup vun der ADR huet an der Emissioun probéiert duerzestellen, datt d'Zuel vun de Gewaltakten an d'Luucht gaange wier.

D'Djuna Bernard, d'Copresidentin an Deputéiert vun déi Gréng huet ënnerstrach, datt een d'Suerge vun de Leit géif eescht huelen an datt d'Politik och reagéiert. Allerdéngs géif mat den Ängschte vun de Leit gespillt ginn an dat wier ganz ganz geféierlech.

Et wier einfach fir an der Politik mat den Ängschte vun de Leit ze spillen, seet d'Paulette Lenert an och d'Nathalie Oberweis, d'Deputéiert vun déi Lénk, seet, wann eng Partei oder e politeschen Acteur keng Argumenter, keng Iddien a Visioune méi hätt, géif en de Sujet vun der Sécherheet auspaken. Et wier en einfacht a populistescht Thema, mat deem ee kéint spillen. Domadder wéilt si net ofstreiden, datt et e Problem géif ginn, mä dee wier scho Joerzéngte laang do a géif net zulescht mat den Inegalitéiten an der Gesellschaft zesummenhänken.

Eis Invitéeë waren

Paulette Lenert

LSAP-Gesondheetsministesch a beléiftste Politikerin

RTL

Lex Delles

DP-President a Mëttelstands- an Tourismusminister

RTL

Djuna Bernard

Co-Parteipresidentin vun déi gréng an Deputéiert

RTL

Stéphanie Weydert

CSV-Co-Generalsekretärin a Buergermeeschtesch zu Rouspert-Mompech

RTL

Fred Keup

ADR-President an Deputéierten

RTL

Nathalie Oberweis

Déi Lénk-Députéiert

RTL

Marc Goergen

Piraten-Deputéierten a Conseiller zu Péiteng

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)