Immunsystem, Kriibs an Daarmflora
Jidderengem säi Kriibs geziilt zerstéieren, ouni Schued u gesonden Zellen an och séchergoen, dass näischt nowiisst. Dat ass d'Zil vun der Kriibsfuerschung.
Wat bedeit d'Diagnos Kriibs haut? Vill besser Heelungschancen an eng Abberzuel un neien Traitementer, eng Fuerschung, déi enorm Fortschrëtter mécht, och hei zu Lëtzebuerg, mee leider och ëmmer nach vill Leed a Patienten, déi un der Kränkt stierwen.
A well dat esou ass, léist dat Wuert Kriibs nach ëmmer Angscht aus, sou och bei den zwou Broschtkriibspatientinnen Dany Frank an Titzia Povoa, déi bereet waren am Kloertext ze temoignéieren. Et verännert komplett e Liewen an et ännert och, wéi déi aner ee gesinn, esou d'Titzia Povoa. "Do huet ee Leit op eemol, déi ëmmer do sinn, ëmmer froen, ob et geet, ob een Hëllef brauch an awer verléiert ee Leit, Frënn, déi op eemol net méi do sinn, déi einfach Angscht hunn." Dat wier zwar schwéier, awer och mënschlech a géing och weisen, wéi wichteg et ass, iwwert de Kriibs oppen ze schwätzen, fir dass et keen Tabu méi ass a Patienten net duebel gestrooft ginn.
No der Fro "Muss ech stierwen" kéim automatesch déi aner Fro: Firwat ech ?
Et sicht ee bei sech no Ursaachen, sou d'Dany Frank, mee si koum relativ séier zu der Conclusioun: "Wéi wär et, wann et einfach nëmme Pech ass! Et huet mech getraff, ech hunn duerno opgehal ze sichen, ech hunn et einfach ugeholl, dat Bescht, wat ee ka maachen, ass et einfach unzehuelen". Och fir d'Onkologin Carole Bauer ass dat déi beschten Astellung: "Et ginn natierlech Risikofacteuren, mee ech mengen, wann de Patient virun dir sëtzt, dann ass et net de Moment, iwwer Risikofacteuren ze schwätzen." Scholdgefiller géinge souwisou kengem hëllefen an et wier wichteg no vir ze kucken an als Dokter alles drun ze setzen, fir de Kranke beschtméiglech ze begleeden. Déi perséinlech Relatioun tëscht Dokter a Patient wier immens wichteg an et wier och wichteg, do éierlech ze sinn an heiansdo och seng eege Grenzen als Medezinner anzegestoen, och wann dat schwéier fält. "An da muss een dat Wuert Doud och uschwätzen, wat och fir eis schwéier ass, et kann een net ëmmer ronderëm de Bräi schwätzen, et muss een dann och soen: Dir kënnt dorunner stierwen".
Dass Kriibs enges Daags just nach eng chronesch Kränkt ass, dat ass d'Zil vun der Fuerschung, an déi mécht och zu Lëtzebuerg séier Fortschrëtter. Den Dr Patrick Dang fuerscht un der Daarmflora, déi eng ganz zentral Roll spillt fir onsen Immunsystem. Zanter e puer Joer kënne Kriibspatiente mat Immuntherapië behandelt ginn, dat funktionéiert excellent, mee leider just bei 30% vun de Patienten. Fir ze verstoe firwat, muss een de komplexe System vun der Daarmflora verstoen. Nach wier een eréischt um Ufank, jidderee vun ons huet méi Bakterie wéi Zelle mat sengem eegenen Ierfgutt, mir liewen also net eleng an onsem Kierper. "Mir wousste ganz laang net, dass dat do ass, déi eenzeg Bakterie, déi mir kannt hunn, waren déi, déi krank maachen an elo zanter e puer Joer, 2007, 2008 fänke mir eréischt un déi Bakterie kennenzeléieren, di gutt si fir eis. Dat zweet ass, dass mir elo lues a lues mierken, dass all déi Bakterien am Daarm matenee kommunizéieren, déi sëtzen net einfach do a maachen net just Verdauung, mee déi kommunizéieren eng mat der anerer an och mat eis". A si bestëmme mat, ob mir gesond bleiwen oder krank ginn. D'Daarmflora ass och wéi de Fangerofdrock bei all Mënsch verschidden a gëtt beaflosst vun deem, wéi a wou mir liewen, wat mir iessen, wat fir Medikamenter mir huelen, ob mir Hausdéieren hunn oder Sport maachen. An esou individuell wéi ons Daarmflora, soll an Zukunft och d'Behandlung vum Kriibs sinn: op Mooss geschnidde fir all eenzele Patient.
Nach ass dat eng Visioun, mee si ass méiglech, sou den Dr Dang an den Dr Bauer, et braucht just Zäit an och Geld fir déi Fuerschung weider ze dreiwen. Hei am Land wier dat ouni den Télévie esou net méiglech.
D'Invitéen
Dr Carole Bauer
Onkologin
Presidentin Fondation Cancer

Dr Patrick Dang
Schafft an der Onkologie am Spidol
Fuerscht an der Immunoonkolgie

Dany Frank
Krut mat 60 Joer Diagnose Broschtkribs
Ass engagéiert bei Europa Donna

Titzia Povoa
Krut mat 40 Joer Diagnose Broschtkriibs
Huet e Kriibs, dee gestreet huet
