Kennen a kënne jonk Kandidaten EU-Politik ?
Et steet immens vill um Spill den 9 Juni. Dat soe jonk Kandidate fir d’EU-Walen am Kloertext.
Bis op d’Alexandra Schoos vun der adr hunn déi 4 aner Invitéë vun CSV, DP, déi gréng an LSAP virun engem Rietsruck gewarnt. Et misst ee grad deene Jonken nees méi kloer maachen, wat fir konkret Virdeeler d’EU hinnen och am Alldag bréngt. Europapolitik wier leider komplizéiert a schwéier ze vermëttelen, se schlecht rieden, grad och op de soziale Reseauen, wier do méi einfach. D’adr wéilt d’EU guer net ofschafen, géif just ëmmer méi Federalismus fäerten a wéilt keen EU-Vollek mat enger EU-Regierung, d’Unioun selwer awer net ofschafen. "Dir sidd et, déi de Leit Angscht domat maachen" sot dergéint déi gréng Djuna Bernard.
Nëmme well s de jonk bass, heescht dat net, dass du net kapabel bass
Vun hire Parteie fillen déi Jonk sech eescht geholl a fannen et och gutt, dass och grad vill Fraen net méi fäerten, an der Politik hir Plaz anzehuelen. Ma vun den Aussoe vum Charel Goerens an engem Wort-Artikel, dass jonk Leit ongedëlleg wieren a bei Hiweiser op komplex Diplomatie ofschalte géifen hätt si sech sho viséiert gefillt, esou d’Danielle Filbig. D'Ausso hat sech op e Post vun hirer jonker Kospëtzekandidatin no der Chamberdebatt iwwert Unerkennung vu Palästina als Staat, dee si dunn awer geläscht huet, bezunn. Ma fir eng Polemik ass et duergaangen. D’Jonksozialisten hunn an engem Post gemengt, "gewëssen eeler Kandidaten, hätte besser an d’Pensioun ze goen""D’Aart a Weis, wéi ech dat gelies hunn, war ech schonn immens erschreckt, wéi en eeleren erfuerene Politiker pauschal iwwert déi Jonk schwätzt", sou d’Djuna Bernard. D’Amela Skenderovic huet gekontert : "Wat ech ganz schued fanne bei dem Post vun de Rouden an och Interventioune vun deene Gréngen ass, dass se dann do ëmmer rëm déi Polemik opgräife vum ale wäisse Mann, dass se do guer net de Fokus op d’Debatt setzen, mee u sech just polariséiere wëllen."
Geet automatesch den Éischtgewielten an d’Europaparlament ?
4 vu 5 Invitéeën hunn dat kloer mat Jo beäntwert, just d'Danielle Filbig vun der LSAP sot, dass si nëmmen an hirem eegenen Numm kéint schwätzen, fir de Rescht géing een nom 9. Juni kucken. Souwuel Bernard wéi Steinmetz hunn dat ferm kritiséiert, et wier eng Fro vu Glafwierdegkeet an d’Wieler sollte wëssen, wou se dru sinn.
Mir brauchen eng europäesch Verdeedegungspolitik
Konsens war, dass kee méi mat engem Krich gerechent hat, an dass et verpasst gouf, eng eege Verdeedegungsunioun op ze bauen. Isoléiert war awer d'Alexandra Schoos mat hirer Ausso, et sollt ee mat Russland verhandelen. "Dat ass versicht ginn am Ufank", sou de Metty Steinmetz, "mee d’Russe wollten dat net, de Putin kéint och zu all Moment decidéieren, dass de Krich eriwwer ass.""Wëllt dir, dass hien nach méi no un ons Grenze kënnt? D’Ukrain kämpft och fir ons Wäerter", sou d’Djuna Bernard. Et wier e ganz komplexe Sujet, sot dunn d’Alexandra Schoos, mee d’adr wier iwwerzeegt, dass de Putin net méi wäit wéilt goen an och net wëlles hätt, déi ganz Ukrain ze besetzen, et hätt ee misse verhandelen, mee lo, wou hie seng Arméi opgebaut an opgerëscht hätt, géing si perséinlech fäerten, dass et an der Ukrain bis op de leschte Mann déi lescht Fra an dat lescht Kand wäert goen.
D'Invitéen
Metty Steinmetz
CSV-Kandidat fir d’Europawalen

Amela Skenderovic
DP-Kospëtzekandidatin fir d’EU-Walen

Danielle Filbig
LSAP-Kospëtzekandidatin fir d’ EU-Walen

Djuna Bernard
déi gréng Kandidatin fir d’EU-Walen

Alexandra Schoos
adr-Kandidatin fir d’EU-Walen
