No ART on AIR am ReplayD’Bady Minck

RTL Lëtzebuerg
"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.
„No Art On Air“
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.

D’Bady Minck ass op ville Festivallen doheem, als Produzentin mat hirer Produktiounsfirma “Amour fou” oder als Realisatrice mat hiren eegene Filmer.

Wat si an all de Jore schonn alles erlieft huet beim Film, an der Konscht, zu Wien an zu Lëtzebuerg, huet si dem Jenny Fischbach bei No Art on Air gezielt.

Ausserdeem hat de Pierre Jans de Bela B. vun “Die Ärzte” bei enger Liesung begéint an d’Patricia Baum hat sech zu Köln Urban-Art-Wierker ugekuckt.

De labbere Kulturtalk “No Art on Air” am Café “Gudde Wëllen” an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d’Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D’Ekipp vun No Art on Air


Back to Top
CIM LOGO