"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D’Kultur ass an der Quarantän, ma dofir bleift se awer net stoen, och net bei eiser Kulturemissioun "No Art on Air".

Den Daniel Balthasar huet déi vill Zäit doheem genotzt, fir kreativ a produktiv u senger Musek ze schaffen. D’Resultat ass en neie Videoclip – an dat Home made.

D’Corona-Pandemie ass en historesche Moment, deen och Fotografen op der ganzer Welt dokumentéieren, mee och national Fotografen kruten den Optrag Lëtzebuerg a Krisenzäiten festzehalen.

Mir begleeden zwee Fotografen bei hirer "auusergewéinlecher" Aarbecht a waren och kucken, wéi d'Muséeë sech op déi aktuell Situatioun astellen.

An zum Schluss gëtt et nach en "Anti-Virus Serien Tipp".

De labbere Kulturtalk "No Art on Air - Edition Quarantän" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo