Invitéeën: De Misch Feinen an d'Anne-Laure Letellier

D'Industriekultur an déi vill Sitten a Frichen am Minett sinn de wichtegste Kader vun der Kulturhaaptstad Esch 2022.

Zu Diddeleng kann een den Ament eng ganz Rei Expoen op engstem Raum gesinn.

Am CNA sinn dat "d'Stëmme vun der Schmelz", déi de Kënschtler Misch Feinen mat opgebaut huet.
Donieft erzielt d'Anne-Laure Letellier méi iwwer de Projet "Our archive, your story".

An d'Patricia Baum war gläich niewendrun an d'Hal Fondouq fir d'Expo "MinettREMIX".

No Art On Air, aus dem Pomhaus vun Diddeleng, presentéiert vum Jenny Fischbach.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.