De Jacques Molitor
Invité: De Jacques Molitor, ausserdeem den Theaterpräis an Danzpräis 2023 an d'Chantal Maquet.
Vun der éischter Iddi bis zur Diffusioun huet de Jacques Molitor ganzer 7 Joer u sengem neie Film "Kommunioun/ Wolfkin" geschafft. En Horrorfilm deen elo geschwënn an de Kinoen uleeft. Am No Art On Air erzielt hie méi wéi de Film entstanen ass.
D'Sandy Elsen huet sech e puer nominéiert Artiste fir den Theaterpräis erausgesicht an erkläert weieng nei Kategorien dëst Joer dobäi sinn.
D'Christiane Kremer war bis op Klierf, wou den Ament d'Molerin Chantal Maquet eng Residenz huet. Eng Residenz fir 6 Méint, wou si sech mat den Awunner an der Plaz ausernee setzt.
No Art On Air, vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.