Wéi wäit géift Dir goen, fir Är Famill ze retten?Gewannt Tickete fir den neie Film mam Ethan Hawke a Russell Crowe

RTL Lëtzebuerg

Wéi wäit géift Dir goen, fir Är Famill ze retten?

Am neien Action-Thriller „The Weight“, mam Ethan Hawke a Russell Crowe, gëtt aus enger geféierlecher Missioun e Kampf ëm d'Iwwerliewen.

Synopsis

Oregon, 1933. Nom Doud vu senger Fra gëtt de Samuel Murphy vu senger Duechter getrennt a kënnt an en Aarbechtslager. Fir nees bei säi Kand ze kommen, geet hien op e riskanten Deal mam skrupellose Lagerchef Clancy an: Hie soll mat enger Grupp vu Prisonéier Gold duerch déi onduerchdrénglech Wëldnis schmuggelen. Als Géigeleeschtung gëtt him versprach, éischter fräizekommen.

Mee déi geféierlech Rees gëtt séier zu engem Kampf ëm d'Iwwerliewen. Nieft de Gefore vun der Natur maachen och Mësstrauen a Verrot bannent der Grupp hinnen d'Liewe schwéier.

Wéi wäit wäert de Samuel goen, fir seng Duechter erëmzegesinn?

Maacht mat bei eisem Gewënnspill a gewannt mat e bësse Gléck Tickete fir „The Weight“ an de Kino kucken ze goen! D'Tickete si gëlteg, sou laang de Film am Kino leeft!

Back to Top
CIM LOGO