
Nodeems en Donneschdeg annoncéiert gouf, dass de Kim de Dood Enn Dezember am Stärerestaurant "Le Lys" als Chefkach ophält, krut RTL lo confirméiert, dass seng berufflech Zukunft am Traditiounshaus "Clairefontaine" leit.
Den Toni Tintinger, deen de Clairefontaine 1984 gegrënnt hat an deem säin Häerz nach ëmmer u sengem fréieren Haus hänkt, ass frou, dass mam Kim de Dood ee Fachmann iwwerhëlt, deen den héijen Niveau kann halen.
2001 hat den Toni Tintinger de Restaurant un de franséische Chefkach Arnaud Magnier iwwerginn, deen a Pensioun geet.