
Mat engem gudde Stéck Kéistaart oder enger Rieslingspaschtéit mécht een net nëmmen dem eegene Gomm, ma och senge Matmënsche gären eng Freed. Kulinaresch verwinne kann een awer och säi beschte Kolleeg op véier Patten. Ob mat selwergemaachene Leckerlien oder engem kreativen 3-Gäng-Menü. D’Lisa Borgioni, ausgebilten Ernierungsberoderin fir Hënn a Kaze vun “Gudd Gefiddert”, erkläert op wat een alles oppasse muss, éier een de Kachläffel an de Grapp hëlt.
Déi éischt Fro, déi sech natierlech stellt, ass wéi eng Liewensmëttel an d’Kachdëppe respektiv an d’Schossel dierfen. Hei kann ee mat Fësch, Fleesch, Geméis, Uebst a Kären erëmexperimentéieren. Allerdéngs ginn et eng Partie Saachen ze bedenken.
Eng vun de wuel ëmstriddenste Froe ronderëm d’Ernärung ass, ob ee sengem Mupp soll Käre respektiv Kuelenhydrater ze friesse ginn. Ëmmer nees héiert oder liest een, dass dës net aartgerecht an esouguer schiedlech fir de Mupp wieren. Grondsätzlech si Kären net schlecht fir Hënn, well se Ballaststoffer, Vitaminnen a Mineralstoffer liwweren. Allerdéngs gi se a ville Fudderzorten ze héich doséiert. Als Konsequenz kënnen Duerchfall a Bläunge bei empfindlechen Hënn optrieden. Et gi Muppen, déi eng Glutenintoleranz hunn. Hei hëlleft et op Weess, Spelz, Kar a Geescht ze verzichten. Räis, Gromperen, Quinoa, Amaranth oder Hirse loosse sech zum Beispill besser verdauen.
Fleesch spillt eng wichteg Roll an der Ernärung vum Hond, awer anescht wéi Kaze sinn Hënn Allesfréisser an net reng Fleeschfréisser. Ass e Mupp bei beschter Gesondheet a leit och net ënner Allergien, kann een engem Labrador beispillsweis tëscht 65-85% Protein ze friesse ginn. D’Lisa Borgioni fënnt 85% allerdéngs ze vill a recommandéiert bei 75% opzehalen. Dës Doséierung variéiert allerdéngs jee no Déier. Wann en Hond Problemer mat den Organer huet, muss ee gutt oppasse mat de Proteinnen an net ze vill dovu verfidderen. Ausserdeem dierf net vergiess ginn, dass net all Fleeschzort (z.B. Schwéngefleesch) dierf réi an d’Schossel kommen. Fir op Nummer sécher ze goen a Salmonellen ze vermeiden, ass et den Tipp vum Lisa Borgioni, déi benevole als Ernierungsberoderin fir Hausdéieren aktiv ass, d’Fleesch ëmmer ze kache respektiv ze broden oder ze grillen.
Bei Uebst a Geméis kënnt u sech bal alles a Fro, wat och dem Mënsch schmaacht. Beléift bei ville Véierbeener sinn zum Beispill Wuerzel, Courgette, Kornischong, Apel, Hammbier, Banann oder Meloun. Verschidde Muppe fléien op Tomaten. Tomaten, déi nach net räif sinn, dierfen allerdéngs net verfiddert ginn, räifer (richteg mätscheger) kënnen dogéint an der Schossel landen. Net all Hond huet de selwechte Goût an déi eng si méi wieleresch wéi anerer. Dofir gëllt et erauszefannen, wat hinne besonnesch gutt schmaacht. Well allerdéngs Geméiszorte wéi grénge Paprika oder Kabes fir Bläunge suergen, soll dorop verzicht ginn, betount d’Lisa Borgioni. Dat selwecht gëllt fir all “Nachtschattengewächse” (dozou zielen och Gromperen; dës enthalen am réien Zoustand nämlech Solanin, dat toxesch wierkt).
Muppe sinn zwar net op Mëllechproduiten ugewisen an hirer Ernärung, awer se kënnen als Calciumquell déngen. Vill Véierbeener verdroen awer keng Mëllechproduiten a leiden ënnert enger Laktosintolerenz. Weess een net, wéi de Flocki op Mëllechproduite reagéiert, gëtt recommandéiert, sech lues erunzetaaschten. Ännert sech de Stullgank net an et goufe keng Bläungen, Krämp oder aussergewéinlech vill Bass festgestallt, kann een dem Hond mol Kefir, Bottermëllech oder “Cottage cheese” ënnert d’Iesse mëschen. Laktosefräi Produite muss een awer net extra fir de Véierbeener kafen. Duerch den Hierstellungsprozess si verschidde Mëllechproduite souwisou schonn aarm u Laktos an eegene sech dowéinst besonnesch gutt fir Muppen. Wéi bei de Käre kënnt et och bei de Mëllechproduiten op d’Quantitéit un.
Et ginn eng Partie Ingredienten, déi kengesfalls solle benotzt ginn, well si op Hënn toxesch wierken. Dorënner zielen zum Beispill Schockela, Kakaopolver, Zwiwwelen, Knuewelek (a méi grousse Quantitéiten), Drauwen a Korinten. Och bei de Gewürzer heescht et opzepassen. Salz soll een - wann iwwerhaapt - just ganz e bëssen ënnert d’Iesse mëschen, Peffer soll een dogéint komplett op der Säit loossen. Mat frësche Kraider wéi Péiterséileg, Salbei, Thymian, Koriander oder Peffermënz maachen Hobby-Muppe-Käch iwwregens näischt falsch.
Änlech wéi bei de Mënsche reagéiert all Hond anescht op d’Iessen an déi jeeweileg Liewensmëttel. Dowéinst ass et wichteg, d’Platen net just de Virléifte vum Hond, ma och senger Verdauung an den domat zesummenhänkende Problemer unzepassen. Bei Onsécherheeten oder Intoleranze réit d’Lisa Borgioni en Ernierungsberoder fir Déieren oder e Veterinär ze consultéieren an net alles ze gleewen, wat am Internet steet. Experte kënnen och bei der Doséierung vun de Liewensmëttel hëllefen, well déi sech vun Hond zu Hond ënnerscheet a vun der Rass, Gréisst a Fitness vum Mupp ofhänkt.
Dem beschte Kolleeg op 4 Patten e frëscht Iessen zouzebereeden, heescht net automatesch, dass ee méi Zäit an der Kiche verbrénge muss. Et ginn eng Partie Moolzechten, déi sech perfekt fir Mupp a Mënsch eegnen. Ob Saumon am Schäffche mat e bësse Räis a frëschem Geméis, e gebrodene Bifftek an der Pan oder eng mediterran Bouchée à la reine ouni Ram: der Kreativitéit sinn hei keng Grenze gesat. Fir de Leit dobaussen ze weisen, wéi einfach dat ka sinn, schafft d’Lisa Borgioni den Ament un engem spezielle Kachbuch fir Hond a Meeschter. Testpersounen - an dësem Fall Test-Hënn - wäerten hir eegen dräi Muppe sinn.
Kache fir de Mupp - ob een et schlussendlech als Trend, Vermënschlechung vum Hausdéier oder als Zeeche vun Zouneigung empfënnt, bleift jidderengem selwer iwwerlooss. Iwwer eng Ofwiesslung an der Schossel wäert sech de Flocki awer sécherlech freeën. Léift geet jo bekanntlech duerch de Mo. Allerdéngs dierf hei net vergiess ginn, dass och Hënn op hir Linn oppasse mussen, well een hinne mat Iwwergewiicht kee Gefalen deet. Alles a Moossen an dann dierft engem “Dinner for two” mat sengem Hausdéier näischt méi am Wee stoen.

D’Lisa Borgioni huet 3 Rezepter zesummegestallt, déi ee ganz einfach doheem fir säi Mupp nokache kann.
D’Suen, déi bei hire Berodungen zesummekommen, ginn iwwregens un d’ASBL Sichhënn gespent.
Episod 1: D’Heemecht zu 2 iwwer Wanderweeër entdecken
Episod 2: Spill a Spaass op der Hondswiss
Episod 3: Auslaaschte mat Sich an Denkspiller