Dem Sarah seng Weltrees - Amritapuri (8.Oktober 2015)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
An Indien ginn et net nëmmen helleg Kéi oder Götter mat bloe Gesiichter an 8 Äerm, et gëtt eng Hellewull u spirituelle Plazen, déi dacks méi mat indescher Traditioun wéi mat Relioun ze dinn hunn. Esou z.B en Ashram, iwwersat eng Plaz, wou ee sech ustrengt, souzesoen en klouschteraartege Meditatiounszentrum. Där ginn et et iwwerall an Indien, ma am Süden am Kerala ass e ganz Speziellen. Hei lieft nämlech d’Amma, och bekannt als “hugging Saint”, also iwwersat eng helleg Fra, déi d’Leit an den Aarm hëllt.