Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am Kader vum Lënster Maart e Freideg an e Samschdeg gouf e Samschdeg de Mëtteg déi zweet Oplo vun der Seefekëschte-Course gefuer – organiséiert vun der Jugendkommissioun an dem Jugendhaus. Vun der Rue de la Mairie war an den Ënneschte Léi gewiesselt ginn, enger Strooss matten am Zentrum vum Duerf an engem neien, nach net bebaute Lotissement. 11 Seefekëschte waren um Depart, ma net all hu se et bis an d'Zil gepackt ... Déi puer Leit, déi kucke komm a mat Begeeschterung derbäi waren, hunn nämlech e puer Mol den Otem ugehalen, well et besonnesch an der Slalom-Disziplin zu deem engen oder aneren Accident op der Streck koum.
Um Enn gouf et dës Resultater:
An der Kategorie bis 13 Joer gewënnt de Felix virum Frederic an dem Leo.
An der Kategorie vu 14 Joer u gouf et just eng éischt an eng zweet Plaz: De Lance gewënnt virum Kylan.
An de Präis fir déi schéinst Seefekëscht geet un de Pilot Paul.
D'Course zu Lënster war déi éischt Manche vum nationale Seefekëschte-Championnat. Déi zweet gouf e Sonndeg de Mëtteg zu Déifferdeng gefuer, organiséiert vum Jugendtreff Déifferdang, deen déi Course schonn zanter 2006 organiséiert - dëst Joer war et dofir ewell déi 19. Oplo.