Esou moleresch schéin dem Picasso seng Biller sinn, esou faarweg ass och d'Géigend ronderëm seng Gebuertsstad Malaga am spuenesche Süden. Des LuxairTours-Destinatioun ass nach ëmmer immens beléift beim Lëtzebuerger Tourist, an dat aus e puer gudde Grënn. No nëmmen 2 Stonnen a 40 Minutten ass een do, d'Luxair flitt de Summer bis zu 5mol an der Woch, d'Mikro-Klima suergt dat ganzt Joer fir agreabel Temperaturen an déi sëllechen Hoteller an alle Kategorien bidden e gutt Präis-Leeschtungsverhältnis.
De Camille Ney war do an a senger Foto-Galerie gesidd Dir Biller vu Puerto Banus, dem Hafe vu Marbella, der Alstad vu Marbella, dem Wéngert vun Nilva zu Manilva, der Alstad vu Malaga mam Musée Picasso an der Kathedral.