2011 huet d'ULT, den Tour-Operator fir Reese vu Voyages Flammang, Voyages Emile Weber an CFL-Evasion, deen och dest Joer den 20. Gebuertsdag feiert, en 1. Chartervol mat der Luxair op Bozen a Südtiroul organiséiert. Zanterhier ass dat d'Top-Destinatioun Nummer 2 mat elo schonn 1316 Clienten. Fir hieren Agencen an der Reespress ze erlaben, des beléift Regioun nach besser kennen ze léieren, haate si si viru Kuerzem an d'Regioun ronderëm Bozen, Meran a Feldthurns invitéiert.