Pünktlech fir d'Fouerzäit war e Freideg den Owend de Stall Opening am Melusina. Mat strengen Oplagen an net ouni Mask gouf de Stall am Melusina opgemaach.
Trotz engem méi klenge Kader, deen ëmgebaut gouf, war d'Stëmmung ganz gutt, fir Iessen a Gedrénks war natierlech beschtens gesuergt an d'Leit ware gudder Déng.