Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D’DS huet am Fong de Grondsteen geluecht – typesch Citroën war eng grouss avantgardistesch Limousine mat engem onverwiesselbaren Design an enger Fiederung, déi am Confort vu kenger Mark iwwertraff gouf. Mat de Modeller CX, XM an och nach C6 gouf dës Traditioun nach laang Jore virugefouert. Elo schéngt mam neien C5 X e wierdegen Nofollger an de Startlächer ze stoen.