Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den Optakt vun der 27. Editioun vum E-Lake war vu gudder Stëmmung a guddem Wieder kaum z'iwwerbidden. Niewent lokale Kënschtler wéi Skuto, de Läb oder Nicool, konnten och international Kënschtler de Public mat sech rappen.
Highlight fir d'Fans ware wuel den OG Keemo dee bis virun de Backstage-Beräich koum a vun T-Shirts bis ob Schong alles signéiert huet.
Och déi Däitsch Punk-Rocker vun Itchy hu sech et net huele gelooss, fir hire Fans no ze si, an hu dës knapp zéng Minutten no hirem Optrëtt beim Merch ob e Béierche getraff an Autogrammer ginn, bis dass de Stëft eidel war.
E gelongene Start an de Weekend also fir jiddereen.