Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Den drëtten a leschten Dag vum e-Lake war en typesche Familljendag, sou de Jempi Hoffmann am RTL-Interview. An effektiv gouf et um Sonndeg gudde Lëtzebuerger Kascht: Dr. Gonzo, Dëppegéisser, Drop & Dowidder, Toxkäpp a Schëppe Siwen. Den Ofschloss huet den DJ DEE! gemaach. Do hätt just nach eng Portioun Kniddele gefeelt fir de "Lëtzebuerger Dag" ze vervollstännegen. E sonnege Mix aus Musek a gutt Laun geet domat op een Enn.