Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Réiden: D’Ecole de Musique du Canton de Redange huet e musikalescht Festvum Allerfeinsten am Festsall vum Atert Lycée Redange (ALR) op d’Bee gestallt.
Méi wéi 150 Schüler an Enseignante stoungenzesummen op der Bün, dorënner 60 kleng Museker aus den Eveil-Klassen– all eréischt fënnef Joer al – déi fir vill Oo&Aa-Momenter gesuergthunn.
Virun engem begeeschterte Public vu ronn400 Leit gouf ënner dem Titel "MKR in Concert" efaarwege musikalesche Bouquet presentéiert, dee kaum Wënsch opgelooss huet: VuKlassik bis Rock, vu Soloperformance bis zu imposantenEnsembelstécker, war alles dobäi.
De Concert huet ugefaang mat engemmajestéitesche „Kinnegleche Marsch“ vum Saint-Saëns, gesonge vun den Eveil-Kanner.Besonnesch beréiert huet: „The Circle of Life“ zesumme mat Schüler aus deGesangsklassen.
De Percussions-ensemble huet mat "KarateTiger" an "Rocket Fire" ee richtegen Energieboostginn, ier de Programm sech mat dem Ensemble mixte an de Klassiker "Alouette"oder "Pomp and Circumstance" an eng traditionell a festlechRichtung beweegt huet.
E weideren Highlight: De Carnaval desAnimaux vum Saint-Saëns – mat all senge komeschen Déieren an emotionalenTéin – ee richtege Klassiker, interpretéiert mat Virtuositéit a Freed.
Zwee Pianoduoen hu mat Stécker wéi "Brasileira"a "Festival" d’technesch an emotional Villsäitegkeet vum Pianoënnerstrach.
Mat der Danse Macabre vumSaint-Saëns huet en Enseignants-ensemble fir Schauer gesuergt – natierlech déigutt Zort. Duerch déi impressionant Stëmmung an Harmonie huet dësInterpretatioun nach laang nogewierkt.
Zum Schluss gouf et nach ee fetzegeProgramm mat de Gesangsklassen an der Combo, déi Klassiker aus Pop aRock wéi "Creep", "Time Is Running Out", "SevenNation Army" an "Aquarius / Let the Sunshine In"presentéiert hunn.
Dës Editioun vum MKR in Concert war net nëmmemusikalesch héichwäerteg, mee och e staarkt Beispill fir Zesummenhalt, Freed umEnsemblespill an déi grouss Léift zur Musek, déi d’Réidener Musikschoul mathire Schüler deele wëll. Merci un all déi matgemaach hunn – mir freeën eis eloschonn op déi nächst Editioun!