"Mega Hike 2025" zu Veianen: 50 km an iwwer 1.000 Héichtemeter (19.4.25)
Ouschtersamschdeg koumen d'Frënn vun zerguttsterten Trëppeltier nees op hir Käschten. Zu Veianen stoung déi zweet Editioun vum "Mega Hike" um Programm, organiséiert vu "Visit Vianden" an dem Veräin "Ourdall Nessknacker". Et goung duerch d'Ourdall an op d'Éisleker Koppen; moies am Niwwel, mëttes an der Sonn. Bal 600 Leit si matgaangen, 94 bis 95 % koumen un, ouni Incidenten, esou datt d'Organisateuren e positive Bilan zéien an ewell un enger drëtter Oplo am Abrëll 2026 schaffen. Hei e puer Impressioune vun ënnerwee.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.