Amerikanesch-Lëtzebuerger Frëndschaft - Seenung vun neiem Fändel (24.5.25)
An der Glaciskapell war um Samschdeg eng speziell Mass, eng Mass fir Amerikaner mat Lëtzebuerger Virfaren. E Grupp vun hinnen ass den Ament op Besuch am Grand-Duché. De Kevin Wester aus dem Wisconsin organiséiert reegelméisseg esou Reesen. Säi Grousspapp war de Fils vu Lëtzebuerger, déi an d’USA ausgewandert sinn. Am Mëttelpunkt vun hirer Rees steet dës Kéier de Jubilé fir 400 Joer Pèlerinage bei d’Muttergottes. An deem Kader gouf dann och en neie Fändel an der Glaciskapell ageweit.
De Fotograf Marc Schoentgen, Auteur vum Buch "1766 - Der Votivaltar", war mat sengem Kamera bei dësem historeschen Ament dobäi.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.