Spektakel am Himmel bei Paräis (9.6.25)
"Le Temps des Hélices" ass eng ganz bekannten a beléiften Airshow, déi all Joer um Fluchfeld vu La Ferté-Alais, südlech vu Paräis a Frankräich, stattfënnt. Traditionell ass dëse Fluchdag um Päischtweekend.
"Le Temps des Hélices", oder op Lëtzebuergesch "D'Zäit vun de Propelleren", ass méi wéi just eng Show um Himmel, et ass och e passionéierten Hommage un d'Pionéier vun der Aviatioun an d'Maschinnen, déi den Himmel eruewert hunn. Dës eenzegaarteg Manifestatioun zitt all Kéier Zéngdausende vu Spectateuren un, dorënner och vill Loftfaart-Enthusiasten aus Lëtzebuerg, déi d'Chance notzen, historesch Fligeren an Aktioun ze gesinn.
Niewent de Loftdemonstratiounen bitt si och eng intressant Ausstellung um Buedem. Hei kënnen d'Visiteuren d'Fligeren aus der Géigend bewonneren, sech mat de Piloten ënnerhalen an en Abléck an d'Technik an d'Geschicht vun de Maschinne kréien.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.