Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Dënschdeg war d'Luxexpo Open Air "the place to be" fir all d'Fans vum amerikanesche Superstar Justin Timberlake. Am Kader vu senger "Forget Tomorrow World Tour + JT Live 2025" huet hien eng onvergiesslech Show geliwwert.
Pünktlech um 21:00 Auer ass de Justin Timberlake mat senger Band op d'Bün geklommen. De Bünebild war lieweg a faarweg. Eng riseg LED-Mauer huet fantastesch Visueller gewisen an d'Luuchten hunn all Lidd perfekt ënnerstrach. Dem Timberlake seng Presenz war direkt spierbar – sou huet d'Publikum vun der éischter Minutt u voll matgerappt an d'Stëmmung war direkt um Héichpunkt.
Op senger Setlëscht stoung eng genial a flott Mëschung aus neien Titele vu sengem leschten Album an all senge grousse Klassiker.
Hits wéi "Cry Me a River," "SexyBack," an "Mirrors" hunn d'Luxexpo zum Kachen bruecht. Wat dunn de grousse Parking um Kierchbierg an eng riseg Party verwandelt huet.