Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Sollt een dëser Deeg zu Glasgow op engem Citytrip sinn, dann huet ee Chance bei den Dréiaarbechte vun engem vun de meescht erwaarte Blockbuster vum nächste Joer eranzeluussen.
Fir den neie Spider-Man Film, deen ënner dem Aarbechtstitel "Spider-Man: Brand New Day" leeft, goufe verschidde Stroossen vun der Stad Glasgow an New York City verwandelt. D'Filmcrew huet d'Stadarchitektur benotzt, fir eng passend Kuliss fir dem Spider-Man seng Aventure ze schafen.
Am Stadzentrum goufen d'Stroosse wéi d'Bothwell Street, Glassford Street a St. Vincent Street gespaart. Do goufen eng Rei spektakulär Zeene gedréint, dorënner eng Verfollgungsjuegd mat NYPD- a Militärgefierer, mat Explosiounen an Autosstunts. Giel Taxis an amerikanesch Fändelen hunn d'Illusioun erstallt, datt een an den USA wier.
Och den Tom Holland, de Schauspiller vum Spider-Man, war perséinlech op der Plaz, fir seng Szenen ze dréinen. Fir besonnesch geféierlech Stunts, wéi zum Beispill un engem Seel vun engem Kran ze schwéngen, gouf awwer een Stunt-Double agesat.
D'Spekulatioune vun de Fans goufen duerch d'Biller vum Set ugeheizt. E gepanzert Gefier mat engem rouden Dämone-Logo gouf gesinn, wat drop hindeit, datt de Béise Mister Negative am Film kéint optrieden. D'Produktioun zu Glasgow weist eng Kéier méi, datt d'Stad eng populär Wiel fir Hollywood-Filmer ass, déi eng urban Kuliss brauche.
Glasgow ass e beléiften Dréiuert fir Hollywood-Filmer, well d'Stad dacks als Kuliss fir aner Groussstied déngt. Vill Stroossen an architektonesch Landmarke goufe fir grouss Produktioune benotzt.
Hei sinn e puer vun de bekanntste Filmer, déi zu Glasgow gedréint goufen:
The Batman (2022): D'Necropolis vu Glasgow gouf fir Zeenen als Kierfecht vu Gotham City benotzt.
Indiana Jones and the Dial of Destiny (2023): Deel vun enger grousser Parade gouf an de Stroosse vun der Stad gefilmt.
World War Z (2013): D'Stadzentrum vu Glasgow huet als Kuliss fir dat vu Zombie iwwerlafent Philadelphia gedéngt
Fast & Furious: Hobbs & Shaw (2019): Verfollgungsjuegden an Action-Zeenen goufen um George Square an an der Géigend gedréint.
Fast & Furious 6 (2013): Och fir dëse Film goufen Opnamen zu Glasgow gemaach.