UEFA Youth League - De Racing wënnt an 1. Ronn no Eelefmeterschéisse géint Larne (1.10.25)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Mëttwoch den Owend um 18.30 Auer huet de Stater Racing de Retourmatch an der 1. Ronn vun der UEFA Youth League géint den Larne FC gespillt. Den Allersmatch hat ee mat 0:2 verluer. Am Retourmatch gouf et eng 3:1-Victoire, deemno goung et an d'Eelefmeterschéissen.
Hei ass et um Enn eng 5:4-Victoire fir d'U19 vum Stater Racing a si stinn an der 2. Ronn. Hei heescht de Géigner 1. FC Köln.