Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Louane, dat mat richtegem Numm Anne Peichert heescht, ass eng ganz bekannt franséisch Sängerin a Schauspillerin. Den Duerchbroch hat si fir d'éischt an der TV-Show "The Voice", mee de richtege weltwäite Succès koum mat der Haaptroll am Film "La Famille Bélier". Fir dës Leeschtung huet d'Louane de César, de wichtegste franséische Filmpräis, gewonnen. E weidere groussen Héichpunkt war d'Participatioun um Eurovision Song Contest 2025 zu Basel. Do huet si Frankräich mam Lidd "Maman" vertrueden.
Bekannt sinn hir grouss Hits wéi "Avenir" oder dat beréierend Lidd "Je vole" aus dem Film. De Stil ass franséische Pop, dacks ganz emotional, well hatt seng Eltere scho fréi verluer huet an dat a sengen Texter verschafft.
Um Freiden huet si du och d'Escher Rockhal mat hirem "Solo"-Konzept verzaubert. Ouni Band, just mat Piano a enger Loop-Statioun huet d'Kënschtlerin eng beandrockend One-Woman-Show geliwwert. De Wiessel tëscht perséinleche Piano-Balladen an energiegeluedenen Hits huet perfekt fonctionéiert. E musikaleschen Owend, deen net duerch Show-Effekter, mee duerch musikalescht Kënne begeeschtert huet.